Hannert ChaLu – Design & Creations stinn ech mat enger grousser Passioun fir Design, Technik a propper Handaarbecht.
Mir verbannen kreativ Iddien mat moderne Fabrikatiounsmethoden wéi 3D-Drock a Lasergravur, fir individuell a funktionell Produkter ze schafen, déi net vun der Stang sinn.
All Projet entsteet mat vill Léift zum Detail an dem Usproch, langlebig, héichwäerteg an duerchduecht ze sinn. Egal ob personaliséiert Kaddoen, praktesch Alldagsléisungen oder speziell Eenzelstécker – bei ChaLu stinn déi perséinlech Ëmsetzung an d’Qualitéit ëmmer am Mëttelpunkt.
ChaLu ass déi Plaz, wou Iddien Form unhuelen an aus Konzepter echt, gräifbar Produkter ginn.
Follower Op INSTAGRAM
Zefridden Clienten
Kreativ Produkter
Follower Op Facebook
Kreativitéit ass fir eis de Schlëssel, fir aus Iddien aussergewéinlech Produkter entstoen ze loossen.
All Produkt gëtt suergfälteg hiergestallt, fir zouverlässeg ze funktionéieren an laang Freed ze maachen.
All Produkt entsteet no den individuellen Virstellunge vun eise Clienten a gëtt deementspriechend ugepasst.

Individuell Gravuren op verschiddene Materialie wéi Holz, Metall, Glas oder Plastik – ideal fir Kaddoen, Logoen oder Eenzelstécker.

Funktionell a dekorativ 3D-Drocke no Wonsch, vum Eenzelstéck bis zu klenge Serien. Ideal fir Organisatioun, Ersatzdeeler oder individuell Designen.

Eenzegaarteg Kaddoen fir Privatpersounen, Eventer oder speziell Ulässer – individuell gestalt a qualitativ héichwäerteg hiergestallt.

Mat der Drohn ginn héichwäerteg Loftbiller an Opname vu Gebaier, Objeten oder Grénganlagen. Ideal fir Dokumentatioun, Presentatiounen oder kreativ Projeten – propper geplangt a sécher ëmgesat.

Mat vill Gespier fir Liicht, Detailer an Emotioune entstinn natierlech Fotoe vu Mënschen an Déieren.
All Shooting gëtt individuell ofgestëmmt – authentesch, entspaant an ouni kënschtlech Posen.

Hues du eng Iddi, déi et esou nach net gëtt?
Mir realiséieren individuell Ideen op d'Mooss – vun der éischter Skizz bis zum fäerdege Produkt.
Loosse mir zesumme Är Iddien ëmsetzen.
Jo.
Bal all eis Produkter kënne personaliséiert ginn – z. B. mat Nimm, Texter, Logoen oder Motiver. Wann s du speziell Wënsch hues, schreiw eis einfach virun oder no der Bestellung, mir kucken dat zesumme no.
Mir schaffen – jee no Produkt – mat héichwäertege Plastikmaterialien (z. B. PLA fir den 3D-Drock), Holz, Metall, Glas an Sticker-Materialien. All Materialie ginn suergfälteg ausgewielt a fir den virgesinnenen Zweck getest.
Well vill Produkter individuell hiergestallt ginn, läit d’Hierstellungszäit an der Reegel bei 1–3 Aarbechtsdeeg. De Versand geschitt dono esou séier wéi méiglech. Bei Spezialanfertigungen kann et e bëssen méi laang daueren – mir informéieren dech transparent.
Jo.
All ChaLu-Produkter ginn mat vill Léift zum Detail an eiser eegener Werkstatt hiergestallt. Keng Masseware – all Stéck ass eppes Besonnesches.